A.T. Still
En aussergewéinleche Mann
De Grënner vun Osteopathie, den Amerikaner Andrew Taylor Still, (1828–1917) ass en aussergewéinleche Mann, deen eng Plaz nieft de groussen Denker an Erfinder verdéngt. Hien huet seng Kandheet am Nordosten Missouri an den indeschen Territoiren verbruecht. Säi Papp war Dokter, Paschtouer, Bauer a Mechaniker. Dës Liewensëmstänn hunn him en enorme kulturellen, philosopheschen a praktesche Bagage ginn, deen hie säi ganzt Liewen weider entwéckelt huet.
Hie war faszinéiert vun Entdeckunge wéi der Elektrizitéit an der Mechaniséierung vun der industrieller Revolutioun. Dofir huet hien 10 Joer laang landwirtschaftlech Maschinnen entwéckelt, déi mir bis haut op eise Felder begéinen. Méi spéit a sengem Liewen huet hien zesumme mat sengem Jong e Prototyp fir e Kessel entworf.
De Still war ëmmer op der Sich no Gerechtegkeet a Gläichberechtegung fir Geschlechter, Vëlker a Rassen. Hien huet sech och schonn deemools agesat, datt den Zougang zu Medezin e Recht fir jiddereen ass. Osteopathie huet dëse Critère erfëllt, well d'Behandlung keng Medikamenter oder spezialiséiert Equipement erfuerdert.
Als Dokter während dem Biergerkrich an engem Militärspidol huet hien en Infusiounssystem (Baxter) entwéckelt fir e permanente Floss vu physiologeschem Serum op enger grousser Wonn ze kreéieren fir ze verhënneren datt se infizéiert gëtt. Eng Prozedur déi sech als efficace erausgestallt huet.
Awer virun allem huet de Still als éischt d'Notioun vun der Immunitéit agefouert. Hie war deen Éischten, deen d' Impfungen agesat huet mat der Absicht d'Bevëlkerung (besonnesch déi Aarm a vulnérabel, déi sech den Zougang zu Medezin net leeschte konnten) viru schlëmmen an déidleche Krankheeten ze schützen.
