Marion Simon

Mäin Numm ass Marion Simon an ech sinn zënter 2016 Osteopathin. Ech hunn fënnef Joer Osteopathiestudium zu Wiesbaden ofgeschloss an duerno mäi Masterstudium op der Universitéit Krems am Joer 2024 gemaach. Tëscht 2016 an 2024 hunn ech an der Schwäiz praktizéiert, an der Praxis vun der Madame Annick Gassmann.
Wat ech am faszinéierendsten un der Osteopathie fannen, ass ze gesinn, wéi och kleng Traumata e groussen Impakt op de ganze Kierper kënnen hunn.
A mengem Privatliewen interesséieren ech mech fir Literatur a Kraafttraining.
Diplomer
2011 – 2016 5 Joer Vollzäitstudium um Sutherland College zu Wiesbaden
2016 – 2024 Mataarbechterin vum Annick Gassmann
2021 – 2024 Deelzäitstudien op der WSO fir e Master of Science an Osteopathie ze kréien